lestle.net - WELLKOMM | LESTLE

Example domain paragraphs

D’Lëstlé zielt zu den eelsten Lëtzebuerger Studentencercelen. E gouf viru méi wéi 100 Joer gegrënnt an existéiert ënnert senger aktueller Form säit 1955.

De Cercle besteet aus ongeféier 45 aktive Memberen. De Comité, zesummegesat aus 10 Memberen, befaasst sech mat der Organisatioun vun diversen kulturellen, festlechen, sportlechen an informativen Aktivitéiten fir seng Studenten.

Mir probéieren de Studenten ze erlaaben sech besser an hirem neien Ëmfeld anzeliewen a mir hëllefen hinnen nei Kontakter ze kneppen. Mir sinn ëmmer mat Spaass a Motivatioun dobäi a leeë vill Wäert op Zesummenhalt, Oppenheet an Hëllefsbereetschaft.